Bettenduerf wennt de 5ten Junior Worldcup zu Tartu, Estland

Vum 1. Bis de 4. August huet de 5ten Open Junior Worldcup zu Tartu an Estland statt fonnt. Nodeems sech d’Equipe Méindes un d’Hal gewinne konnt, ass et fir den Indiaca Bettenduerf Mëttwochs lassgaangen. Gespillt hunn sie an der Kategorie Men Junior (15-18 Joer), wou sie an hirer Groupe op Krawczyk Morąg aus Polen an op den däitsche Meeschter TSV Enzweihingen stoussen. Den éischte Match vu Bettenduerf war géint Morag, wou sie verletzungsbedengt op ee Spiller verzichte missten. No engem éischte gudde Satz der Bettenduerfer Equipe, konnte sie dee mat 25-16 fir sech entscheeden. Den zweete Satz war bësse méi knapp ausgaangen, allerdéngs konnt Bettenduerf deen awer ouni gréisser Problemer mat 25-21 gewannen.
Den zweete Match an och de schwéiersten aus der Pool war géint Enzweihingen. No engem véier Punkte Réckstand ass d’Bettenduerfer Equipe besser an d’Spill komm an huet sech drun gekämpft an hir ass et gelong ee Virsprong auszebauen. Deen Satz hu sie dunn mat 25-17 gewonn. Den nächste Satz war méi spannend a béid Equippen hunn um selwechten Niveau gespillt. Kengem ass et gelong sech ofzesetze bis zum Schluss wou Bettenduerf sech mat 25-21 duerchsetze konnt. Domat ass Bettenduerf dunn als Gruppenéischten an d’Halleffinall komm, an dem sie géint den estnesche Club SK Juku spille mussen.
D’Halleffinall sollt fir d’Bettenduerfer Jugend kee Problem sinn an huet déi och souverän gewonnen. De Match konnte sie mat 2-0 (25-10 / 25-16) fir sech entscheeden.
Donneschdes mëttes ass et an der Finall dunn géint hire Gruppengéigner aus Enzweihingen gaangen. No engem gudde Start vum TSV Enzweihingen lunge sie tëschenzäitlech mat 13-9 fir. No engem Bettenduerfer Timeout ass et der Lëtzebuerger Equipe gelong dee Réckstand rem opzehuelen. Bettenduerf huet dunn dee Satz konsequent fäerdeg gespillt an hunn dee mat 25-21 gewonn. Mat där Victoire am Réck konnten d’Bettenduerfer sech am zweete Satz ee Virsprong erarbeschten a waren 3-0 an 10-4 fir. An hirem läschte Satz am Tournoi hunn sie dann naicht méi ubrenne gelooss an hunn mat enger 25-18 Victoire hire Junior Worldcup Titel erkämpft.
 
 
Video:
7:28:50 - 8:09:30
https://www.youtube.com/watch?v=VawFX9Exiug