1. Mixte-Finalist steet fest

Den Donneschden Owend stoung sech Kolmer a Bettenduerf an der éichter Halleffinall géigeniwwer. Mat kuerzer Verspéidung huet de Match dann ugefaang. No engem gudde Satz der Bettenduerfer Equipe, konnten sie den eichte Satz mat 25-7 fir sech entscheeden. Kolmer ass dann awer ëmmer besser an d'Parti rakomm a loung am zweete Satz mat 7-1 fir. Mat villen interessante Ballwiesselen huet Bettenduerf gepackt sech runzekämpfen. Kolmer loung awer nach fir an haten den eichte Satzball an der Parti beim Stand vu 24-23. No enger spannende Schlussphas konnt Bettenduerf de Satz awer nach mat 28-26 gewannen. Den drëtte Satz huet sou ugefange wei des zweeten opgehalen huet. Déi zwou Equippen hunn um selwechten Niveau weider gespillt an et ass kenger Equipe gelong sech ofzesetzen. Schlussendlech konnt sech Bettenduerf dann awer den drëtte Satz mat 25-22 huelen a steet domat als eichte Finalist an der Mixte fest.