Ännerung beim Dammenchampionnat

Et ass eng kleng Ännerung beim Dammenchampionnat.
 
Well dës Joer 8 Equippe matspillen ass de Programm ugepasst:
 
Et si 4 Spilldeeg, mee all Spilldag si just 6 Equippen do an 2 Equippe sinn dee Dag spillfräi, sou datt all Veräin just 3 Spilldeeg huet.
Wéinst de grousse Programm fänkt den Dammenchampionnat um 13.00 Auer un an den 1ste Spilldag ass zu Elwen den 8ten Oktober.
 
D’Datumer vun deenen anere Spilldeeg an all Kategorie ginn sou séier wéi méiglech bekannt ginn.